Cantons de l'Est (Belsch)

Kaart vun de belschen Ostkantonen
Grenzverännerunge vun Eupen-Malmedy tëscht 1920 an 1945

D'Cantons de l'Est (oder de: Ostkantonen, op Lëtzebuergesch dacks Neibelsch genannt) an der Belsch setze sech zesummen aus de Gemenge vum fréiere preisesche Krees Eupen-Malmedy an Neutral-Moresnet, haut La Calamine, déi am Kader vum Traité vu Versailles als Krichsentschiedegung un d'Belsch ofgetratt goufen. An der Transitiounsperiod déi bis 1925 gedauert huet, ënnerstoungen déi Territoiren engem Generalgouverneur, dem Herrman Baltia, deen dofir huet misse suergen, datt all d'Klausele vum Vertrag korrekt sollten ausgefouert ginn. Dozou huet ënner anerem e Referendum gehéiert, an deem d'Awunner soe konnte wat fir eng Nationalitéit se wéilten. Unhand vun deem Resultat sollt d'Société des Nations decidéieren, op d'Territoiren definitiv belsch géifen oder net. D'Belsch hat sech engagéiert déi Decisioun ze respektéieren. (Artikel 34 vum Traité).

Eng Verhandlung 1925 tëscht der belscher an der däitscher Regierung, iwwer ee Réckkaf vun deene Kantonen, gouf vun de Fransouse blockéiert, well déi drop bestanen hunn, datt näischt um Traité vu Versailles sollt geännert ginn.

Am Ufank hunn d'Gemengen zu dräi Kantone gehéiert: Eupen, Malmedy a Sankt Vith.

E provisoresche Bistum, Eupen-Malmedy, gouf 1921 ageriicht, no enger Poleemik, déi zu enger Ausernanersetzung vum Hellege Stull mat dem belsche Primat gefouert hat. De Sëtz vum Bistum war Malmedy, dat vun do un eng Kathedral huet. Vun 1925 u goufen d'Pare vun den Ostkantonen un de Bistum Léck ugeschloss.

Bei der belscher Gemengereform vun 1977 hunn d'Gemengen an den Ost-Kantone grad sou wéi déi vum Rescht vun der Belsch fusionéiert, soudatt d'Zuel vun de Gemenge vun 31 op 11 erofgaangen ass.


© MMXXIII Rich X Search. We shall prevail. All rights reserved. Rich X Search